Kättche, Kättche - Miseler Léider
Confused Poet Confused Poet
157 subscribers
111,801 views
0

 Published On Sep 20, 2014

Kättche, Kättche

Et wuessen an de frieme Länner,
Vill schwéier Wäiner roud a wäiss,
Si si gesicht vu ville Kenner,
Vum Rhäi bis déi Säit vu Paräis,
Ech hale mech un d’Muselbléimmchen,
Dat ass de Wéngche fir isst Land,
Hee geet dem Jonktem wéi dem Éimchen,
Wa si en drénke mat Verstand.

Kättche, Kättche, bréng mir nach e Pättchen,
Vun der Musel a soss keen,
Ei - Wéi schmaacht mir dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been,
Kättche, Kättche, bréng mir nach e Pättchen,
Vun der Musel a soss keen,
Ei - Wéi schmaacht mir dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been.

Wou kënnt dir nach ee Wéngche fannen,
Esou gemittlech a sou frësch,
‘t gëtt ee sou liicht dervun heibannen,
Dir bleiwt gesond ewéi e Fësch,
Vill Wäiner maachen d’Leit wéi rosen,
D’Gesiichter glouse wéi eng Schmelz,
Mä dat muss een dem Miseler loossen,
Hie suergt datts dau de Kapp behälls!

Kättche, Kättche, bréng mir nach e Pättchen,
Vun der Musel a soss keen,
Ei - Wéi schmaacht mir dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been,
Kättche, Kättche, bréng mir nach e Pättchen,
Vun der Musel a soss keen,
Ei - Wéi schmaacht mir dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been.

Ob dir bedréift sidd oder lëschteg,
Heen deet séng Flicht zu jidder Stonn,
Heen ass vun heem aus fromm a chrëschtlech,
E krut de Seege vun der Sonn,
Bleift him vum Läif mat Zockerwaasser,
Hee brauch nëmméi gedeeft ze ginn,
Hee séngt mam Lentz net fir ze spaassen,
Mir wëlle bleiwe wat mir sinn!

Kättche, Kättche, bréng mir nach e Pättchen,
Vun der Musel a soss keen,
Ei - Wéi schmaacht mir dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been,
Kättche, Kättche, bréng mir nach e Pättchen,
Vun der Musel a soss keen,
Ei - Wéi schmaacht mir dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been.

show more

Share/Embed